FRO.LU is under Development
+1 vote
831 vues
Moien,

Virun 10 Joer huet all Haushalt vum Gesondheetsministär KaliumJodid Tabletten zougestallt kritt fir de Fall vun engem nuklearen Accident zu Cattenom.

Ass d´Qualitéit an d'Halbarkeet vu denen Pëllen nach an der Rei?

Wéini huet déi läscht Kontroll vum LNS stattfonnt?

Merci.
Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 831 vues

2 commentaires

Gudde Moien 


Mir wäerten eis dozou informéieren. Hei awer scho mol a puer Infoen aus enger QP vun 2021:

Zur Fro 1:

D'Kaliumiodid-Pëllen bestinn aus engem Salz, dat ënnert normalen Stockagekonditioune quasi onendlech haltbar ass. 2008 huet den deemolege Gesondheetsminister den Acteure vum Jodprogramm d'Autorisatioun ginn, d'Stocken vun den Jodpëllen nëmmen am Fall vun enger « dégradation avérée » vun der Efficacitéit vum Produit z'ersetzen. Aus deem Grond hunn d'Kaliumiodid-Pëllen, déi 2014 un d'Bevëlkerung ausgedeelt gi sinnjust ee Produktiounsdatum (2011) an kee Verfallsdatum. D'Kaliumiodid-Pëllen ginn an regelméissegen Ofstann op d'Qualitéit an d'Haltbarkeet am Laboratoire national de Santé (LNS) iwwerpréiftDéi nachst Kontroll ass fir 2021 virgesinn. Bis elo si bei deene Kontrolle keng Unzeeche vun Degradatioun festgestallt ginn. D'Pëllen ginn « en cas de besoin » ersat, zum Beispill wann d'Këschten oder dBlister duerch e

Waasser - oder Feierschued beschiedegt gi sinn.


D'Äntwert vun der Regierung läit elo vir.

Dir kënnt d'Äntwert noliesen ënner: https://piraten.lu/wp-content/uploads/2024/01/287403.pdf 

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Moien,

Mir hunn elo d'Fro nom LNS weidergeleet:

https://piraten.lu/fro-lu-kontroll-vun-de-jodpellen/

Wann d'Äntwert bis do ass wäerte mir eis hei melden.

Mat frëndleche Gréiss
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.