FRO.LU is under Development
+1 vote
896 vues
Gudde Moien,
Dës Woch ass d'Gesetz géing Mobbing votéiert ginn fir eng Kader ze ginn am Privatsektor. Mee wéi ass et beim Fonction Publique? Et geet beim Fonction Publique och extrem vill Mobbing an haut geet do naischt ënnerhuelt fir di Agenten ze schützen. Kennt spéider och Agenten vum Fonction Publique beim ITM goen? Oder mussen di Agenten vum Fonction Publique nach 2 Joer warden bis dass endlech do och eppes gemaacht geet?
Merci
par dans Fonction publique | 896 vues

3 commentaires

Gudde Moien,


Effektiv ass Mobbing net nëmmen een problem am privat sekteur mee natierlech och am public. Mir Piraten hunn schonn eng Réi Froen zum Thema Mobbing am Public gestallt déi Dir Iech hei kënnt ukuken:


https://www.chd.lu/fr/question/24140

https://www.chd.lu/fr/question/20834


Hei och nach eng Fro zum Mobbing am Allgemengen:

https://www.chd.lu/fr/question/20057


Falls nach Froen bléiwen, déi net an eisen alen QPen erëm ze fannen sinn, stellt se roueg.


Mat frëndleche Gréiss,

Gudde Mëtteg,

Merci fir Äre Äntwert an et ass super dass d'Piraten och sech trauen Froen ze stellen iwwer esou eng wichteg Thema.

Leider muss ech soen dass ech net d'Gefill hunn dass do konkret Propositiounen sinn fir Agenten ze schützen. Un wien kennen Agenten vun der Fonction Publique wenden wenn elo d'Hiérarchie näischt ënnerhuelt (wéi et elo soll sinn beim Privatsektor wou d'ITM soll dëse Rolle kréien)? Soll all Chef d'administration net de gudde Beispill weisen an eng Obligation de résultat hunn fir eng Leisung ze fannen am Fall vun eng Mobbing an am schlemsten Fall soll Fonction Publique net kucken fir d'Agent ze hëllefen e anere Plaz ze fannen?

Mat beschte Gréiss

Gudde Moien,


Dass esou dass fir d'éischt eng Demande de protection géint den Harclement muss gemaach ginn. Do huet d'Hierarchie eng Obligatioun fir ze réagéieren. Sollt dest awer net gemaach ginn, oder net zur Zefriddenheet gemaach ginn, huet een den droit de reclammation. An deem Fall geet et da weider un den nächsten an der Hierarchie. (Dëst och wann d'Protection v-à-v vum Chef gefrot ass). Déi Hierarchie geet erop bis de Minister an duerno dann an den Regierungsrot, falls et ee Problem mam Minister wier. Eng Obligation de résultat gëtt et an deem Sënn net. Et kann een eng aner Plaz kréien, do sinn awer eng ganz Réi Konditiounen déi dann spillen. Dat ass net déi 1 Optioun. 


Generell géife mir jidderengem deen vun Harcelement betraff ass, uroden sech beim SERVICE PSYCHOSOCIAL DE LA FONCTION PUBLIQUE ze mellen. https://fonction-publique.public.lu/fr/qualite-vie-travail/soutienagents/demandeprotectionharcelement.html

Hei gëtt een beroden an et kritt een gehollëf (kukt iech och mol Dokumenter un, déi den Service betreed stellt). Si hunn eng obligatioun fir dat ganzt konfidentiell ze traitéieren.



mat frëndleche Gréiss,

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.