FRO.LU is under Development
0 votes
964 vues
Wiesou mussen Sozial- an Gesondheetsberufer dei hier Schoulen an letzebuerg genat hun, eng autorisation d ecercer unfroen? Fakt ass jo dass an deem Beräich Personal feehlt wou letzebuergesch schwätzt allerdings gin do leider vill Plaatzen un Frontalieren verluer well bis dass een dei erhällt, vill Zäit vergeet. Ech verstin och net dass een dofier trotz dat een se hei am Land gemeet huet bezuelen muss. Beim Educateur sin et 75€beim aide sougnant 15€ wourunner gett dat festgehaalen? Ech selwer hun missen vun Juli bis November gewaart fier meng ze kreien an konnt an deier Zäit net meng aarbecht wiesselen well Patronen dorop bestin. An ass an mengen Aan en onneidegt bürokratescht Gedeesems fier deen Perbaier ze erhaalen wou jo den Diplom schon genuch ausseet! Merci fier hellef
Cloturée
par dans Éducation nationale, Enfance et Jeunesse
Cloturée par | 964 vues

1 commentaire

Gudde Moien,

 

Fir d'éischt Merci fir är Fro.

Mir verstinn, dass et extrem frustréierend ka sinn, wann een seng Aarbecht wëll wiesselen, respektiv wëll mat schaffen ufänken an een dat da just net kann, well engem ee Pabeier vum Staat feelt. Well wéi der richteg sot, brauche mir ganz dréngend Leit am Santéssecteur. Vue dass d'Autorisation d'exercer awer méi kontrolléiert, wéi nëmmen den Diplom si mir Piraten der Meenung, dass un dëser Prozedur sollt festgehale ginn. D'Sproochekenntnisser an ee Casier deen net scho verschidde Verstéiss zum Gesetz festhält, si fir eis och wichteg Punkte fir eng Persoun déi am Santéssekteur schafft. 

 

Wéi gesot, si mir awer mat Iech d'Accord wat Delaien ugeet fir esou eng Autorisatioun ze kréien. Dofir wäerte mir eng Fro un de Gesondheetsministère stellen, wéi een hei dës Delaie kéint kierzen. 


Mat frëndleche Gréiss,

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Mëtten,


Mir hunn är Fro elo gestallt. Dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-autorisation-d-exercer/


Falls soss nach eppes ass, zeckt net iech ze mellen.


MfG

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.