FRO.LU is under Development
+1 vote
921 vues
Question urgente??

Nodeems momentan d'Corona-Zuelen erofginn an doduerch déi meescht restriktiv Moossnahmen gelackert ginn respektiv ganz wegfalen, ass och op ville Plazen, notamment an der Fonction Publique, déi erlabten Unzuel vun Deeg Télétravail pro Woch massiv erofgesat ginn. 

Am Kader vum aktuellen Ukraine-Krich an den domat verbonnenen europawäiten Extrem-Haussen vum an Liwwer-Engpäss beim Sprit wéilt ech d'Regierung froen ob et nët méi sënnvoll wier fir d'Zuel vun den erlabten Télétravail-Deeg neess ropzesetzen fir op dës Manéier den Autosverkéier op eise Stroossen ze reduzéieren an op des Manéier Sprit ze spueren, deen aner Secteuren dréngend benéidegen.
Cloturée
par dans Fonction publique
Cloturée par | 921 vues

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Mëtten,

Mir wollten Är Fro u sech wärend der Heure de questions vun en Dënnste (26.04) stellen, de Moment hat dir d'Fro am selwechten Delai kritt, wéi wann mir se schrëftlech Mëtt Mäerz gestallt hätten. Leider war  dëst net méiglech dofir hunn mir d'Fro elo schrëftlech agereecht. D'Äntwert soll an 30 Deeg kommen. https://piraten.lu/fro-lu-teletravail-an-der-fonction-publique-3/ Mir entschëllegen eis, fir den zousätzlechen Delai.

 

Mat frëndleche Gréiss,

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.