FRO.LU is under Development
+1 vote
1k vues
Zanter Méint, prepareiert d’Regierung an regelmèissegen Ofstänn nei projets de loi fir d’Covid Gesetz ofzeänneren. Déi proposéiert Texter sinn ëmmer vun legistesch sou schlechter Qualität dass se quasi frëschgeschriwwen musse ginn vum Staatsrot. D’Héich Kierperschaft kann dann an sengem Avis allerdengs keng klassech Oppositions formelles machen, an domat der Regierung an der Chamber de Ball zrëckschéissen fir eng nei Proposition ze machen, well dee neien Text soss misst eng zweete Kéier aviseiert ginn vum Staatsrot an dofir einfach keng Zait do ass well d’Covid Gesetz soss géif auslafen.

 Stattdessen ass de Staatsrot doduerch gezwongen selwer Propisitions de Texte ze machen déi en schon vorab guttheescht an doduerch verhënnert dass mir keng Mesure méi hätten well d’Covid Gesetz ausleeft.

Ass déi onglëcklech Situation an déi d’Héichkierperschaft vun seiten der Regierung an méi speziell dem Ministère de la Santé do bruecht gëtt, eigentlech kompatibel mam Rôle deen souwuel den Artikel 59 vun der Verfassung souwie mam Artikel 1 vum Gesetz vum 16 Juni 2017 iwwer d’Organisatioun vum Staatsrot déi alle beid virgesinn dass de Staatsrot Avisen ofgëtt zu Projets a Propositions de loi. An deenen Texter ass d’Ausschaffen vun eegenstännegen Textproposen wou oft souguer Inhaltlech Froen musse geklärt ginn, wéi et elo bei de Covidgesetzer allkéiers neideg ass, net virgesinn. Erfëllt de Staatsrot do nach sain verfassungsrechtlech a gesetzlech festgeluechte Rôle vum Gremium dat aviséiert oder gëtt en wéinst den extrem schlecht preparéierte Projets de loi vun der Regierung malgré lui an eng Zort législateur bis gezwongen dee selwer inhaltlech Propose muss machen déi iwwer la pure forme légistique erausginn? Vu que dass déi Problematik bei de Covid Gesetzer jo récurrent ass, hätt do net d’Regierung an d’Chamber eng Pflicht fir Mëttel a Wëeer ze fannen fir sou Versäumnisser zukünfteg ze verhënneren ?
par dans Santé | 1k vues

2 commentaires

Gudde Moien,

 

Dir stellt e puer ganz intressant Froe par Rapport zum Staatsrot. De Rôle deen de Staatsrot elo bei de Covid Gesetzer anhëlt ass sécherlech eng ganz nei Aart a Weis ze schaffen, dës Aarbechtsmanéier ass awer vum Gesetz vun 2017 ofgedeckt. Laut Art 2 huet d'Regierung d'Recht schonn ee Preavis anzehuelen, wéi de Staatsrot zu engem Gesetz kéint stoen an och d'Schreiwe vun Textpassagen ass laut Artikel 20 erlaabt. 

 

Art.20: (2)Les avis sont motivés et comportent des considérations générales, un examen des articles et, le cas échéant, des propositions de texte.

 

Trotzdeem hutt dir natierlech Recht wann der sot, dass de Staatsrot hei a senger Aarbecht behënnert gëtt, wëll ebe bei all Gesetz deen Zäitdrock spillt. An villen Avise gouf dat jo am Ufank vum Avis ugemierkt, dass leider net Zäit do wier fir d'Gesetz richteg op de Leescht ze huelen. 

 

D'Pirate sinn der Meenung, dass de Staatsrot misst reforméiert ginn. Dat ass ee Punkt, dee mir schonn an eisem leschte Walprogramm stoen haten. https://piraten.lu/programm/staat-institutiounen/. D'Gewaltentrennung misst an eisen Aen hei méi respektéiert ginn. 

 

Falls soss nach Froe si stellt se roueg.

 


Gudden Moien,

Nierwt ären Détailer kann een sech och emol d'Fro stellen op den Rôle an d'Compositioun vun dem Staatsrot nët eng Keier misst grondligend iwwerduecht ginn an een de Courage muss hunn fir neutral un esou eng Diskussioun erunzegoen.

MbG.

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.