FRO.LU is under Development
0 votes
1.2k vues

D‘Regierung huet jo elo d‘Booster Impfungen géint de Covid 19 fir jiddereen fraiginn deen méi wéi 6 Meint komplet geimpft ass an iwwer 18 ass, mat Ausnahmen fir d‘Leit dei mat Johnson&Johnson geimpft ginn sinn. Do stellt sech awer d‘Fro wisou d‘Leit déi mat Astrazeneca geimpft ginn sinn - fraiwëlleg oder well se deen krueten am Kader vun der normaler Impfcompagne - net schon éischter wéi no 6 Meint hire Booster kennen kreien.

Eng Rezent Etüde aus Schweden (https://amp.n-tv.de/wissen/Ab-wann-die-Impfstoffe-nicht-mehr-schuetzen-article22924352.html ) beweist jo dass fir Leit déi mat Astrazeneca geimpft ginn sinn no 4 Meint quasi kee Schutz méi géint eng Infectioun besteet (de Schutz géint ee schweiere Verlaaf schengt nach ginn ze sinn). D‘Zuele bei den Mrna Impfstoffer a Punkto Infectiounsschutz sinn zwar och net méi genial, mee net sou katastrophal wéi bei Astrazeneca. Dohier huet jo och d‘Stiko an Daitschland d‘Boosterimpfung fir Astrazeneca geimpftener schon virun deenen 6 Meint fraiginn. Wisou also dann zu Lëtzebuerg keng sou Priorisierung, dat grad well och vill Leit ab 60 mat Astrazeneca geimpft ginn sinn an dat net onbedengt réischt virun 6 Meint (do ass de Risiko vun engem schweiere Verlaaf altersbedengt jo schon méi heich), an zudeem jo och den Infektiounschutzt an deemno och de Risiko de Virus weiderzeginn fir Astrazeneca geimpftener méi grouss ass. Or, ee vun den anmoncéierten Grënn fir d‘Booster Campagne ass jo justement och fir d‘Zuelen ze drécken, ass dat dann keen Widerspruch in Sich, grad elo wou all Woch, jo all Dag zielt fir déi 4. Well anzedämmen/ ze briechen. Huet déi Lëtzebuerger Regierung do aner Zuelen & Donnéen déi den uewengennanten Informationen widersprechen? ZB.  Statistiken wat d‘Impfdurchbrüche an Hospitalisatiounen je no Vaccin hei zu Lëtzebuerg ugeet, an déi den uewengenannten Donnéen widerspriechen?

Wat ass also de Grond fir d‘Glaichstellung vun Astrazeneca geimpftenen mat de Leit déi d’ Mrna Vaccinen kruet hunn?

Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 1.2k vues

1 commentaire

Moien,


hei ee Complément, dës Etude weist dass och bei Biontec den Délai vun 6 Méint fir de Booster ze lang ass: https://www.bmj.com/content/bmj/375/bmj-2021-067873.full.pdf

Sou interprétéiert et mol en Artikel aus Daitschland:


Merci fir den dépôt vun der QP :-)
LG,

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Mëtten,

Mir hunn är Fro un d'Ministesch gestallt, dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-delai-booster-impfung-fir-astrazeneca/

Mir haaten d'Fro als urgente ugefrot, d'Urgence gouf awer net uerkannt. D'Äntwert wäert also virraussichtlech net méi dëst Joer kommen.

Wann d'Äntwert bis do ass, soen mir natierlech bescheed.

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.