FRO.LU is under Development
+1 vote
1.3k vues
Weisou ginn an de Communicatiounen vun der Regierung zu Corona ëmmer d‘Impfquote vun de Leit ab 12 Joer uginn, an net wéi dat am Ausland üblech d‘Quote op d‘Gesamtbevölkerung gerechnet. 

Mëcht d‘Regierung an hir Top-Beamten dat just fir kennen méi en heigen Taux unzeginn, cf 82% : Interview mam Luc Feller am essentiel.lu vun haut.

 Wisou déi Schönmalerei wann den eigentlechen Taux bei +- 66% leit. Riskeiert d‘Regierung net duerch sou en absolut durchschaubart Manoeuver - wat jo wuel just dozou do ass hir eegen Arbecht an ee bessert Liicht ze stellen - net dass d‘Impfskeptiker sech soit soen ma wann jo schon sou en heigen Prozentsatz vun de Leit geimpft ass dann brauche sie et jo net méi ze maachen, soit dass se nach mei d‘Vertrauen an d‘Autoriteiten verleieren an sech jetzt erst Recht net impfen loossen. 

Gëtt et do ee Leitmotiv hannert der Communicatiounsstrategie, an wann jo wat fir eent, oder ass et einfach Onkenntniss vun Statistiken, respectiv een offensichtlicht Oflenken vun der, duerch d’Regierung verscholdten, schlechter Impflage hei am Land?
Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 1.3k vues

1 commentaire

D'Äntwert ass ukomm. Dir fannt se op eiser Website: https://piraten.lu/fro-lu-statistiken-zum-impftaux/

MfG

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Mëtten,

Mir hunn Är Fro un d'Gesonheetsministesch gestallt. Dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-statistiken-zum-impftaux/

Den Delai fir eng Äntwert ass 1 Mount. Wéi ëmmer soen mer bescheed, wann d'Äntwert bis virläit.

Falls soss nach Froen sinn, zeckt net :)

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.