FRO.LU is under Development
+1 vote
1.2k vues
Wei kann et sinn dass et trotz Impfangeboter un Personal a Bewunner vun Alters a Pfleegeheemer, diversen Testmeiglechkeeten (PCR an Antigenschnelltester), gut etableierten Gestebarrières an Enger grousser Disponibiliteit vun FFP 2/3 Masken, et ëmmer nach zu Covid 19 Clusteren kennt.

Misst do d Regierung net mei stringent Regelen en Place setzen seitens vun de Bedreiwer a Personnal vun sou Etablissementer fir sou Ausbrëch ze verhënneren. Wei kann et sinn dass d‘Regierung et net mol neideg fënnt d Bedreiwer vun sou Haiser ze verpflichten fir eng detailleiert Lëscht vum geimpften an net-geimpften Personal ze hunn? Sou een Iwwerblëck wier jo awer absolut noutwendeg an enger cohärenter Impfcampagne déi an op sech opbauenden Etapen (Catégorien) besteet. Do stellt sech och d‘Fro firwat d‘Regierung net gedenkt eng Impfpflicht / Testpflicht fir Professionnel de Santé an Doktoren déi an sou Strukturen schaffen anzefeieren. Schließlich hunn bei beid Categorien vun Leit an hiren jeweiligen Gesetzer (Loi du 29 avril 1983 an Loi du 26 mars 1992) dra stoen dass si mussen conditions de santé physique nécessaire à l‘exercice de leur profession mussen erfëllen.

Am Fall vun enger Infectioun mam Corona Virus sierf se erkannt oder onerkannt ass jo déi Conditioun sëcherlech net méi ginn. 

An de jeweilegen Codes de déontologie vun den Dokteren an Professionnel de Santé dei alle beid per Règlement Grand-ducal ugeholl ginn sinn, ginn et zudeem och nach eng Rei Obligatiounen am Genre dass dem Patient seng Gesondheet un 1. Stell muss stoen an een him net onneideg Schued dierf zoufeieren virgesinn. Deemno imposeieren d‘Gesetzer an Règlementer schon haut dass méi stringent Mesuren an deem Domaine misste geholl ginn, firwat do d‘Regierung net mei op de Respect vun hiren eegenen Regelen pocht ass ee Rätsel, dat zemols wou souguer dei National Ethik Commissioun sou Mesuren an d‘Spill bruecht huet an hirem läschten Avis.
par dans Santé | 1.2k vues

1 commentaire

Schéine gudde Moien,


Och mir Pirate waren nawell schockéiert iwwert d'Unzuel un Kranken an Doudegen an Altersheemer am leschte Mount. Et ass ganz kloer, dass eppes geschéie muss, an d'Regierung verpasst huet, hier Responsabilitéiten ze huelen.

Well mir net weider nokucke wollten, wéi d'Familljeministesch ewech kuckt, hu mir leschte Freide selwer ee Gesetzesvirschlag agereecht, fir d'Altersheemer ze obligéiere mat der der Santé protocoles sanitaires auszeschaffen:
https://piraten.lu/gesetzespropositioun-fir-eng-besser-protektioun-vun-de-bewunner-vun-alters-a-fleegeheemer/

Mir halen eng Impfflicht am Fleegesecteur, op mannst am Moment, fir dee falsche Wee.
Hei een Avis vun der CNPD zum Thema Covid:

"Les acteurs privés et public ne peuvent traiter que les données strictement nécessaires à la satisfaction de leurs obligations légales, c’est-à-dire dans le respect du Code du travail. C’est pourquoi seuls peuvent être traités par ces acteurs les éléments liés à un certificat de maladie, sauf dérogations sur base des obligations temporaires détaillées ci-dessus."

https://cnpd.public.lu/fr/actualites/national/2020/03/coronavirus.html


Schonn am Oktober d'lescht Joer hunn d'Journaliste vu Paperjam bei Juristen nogefrot, wéi d'Lëtzebuerger Rescht zum Thema Impfflicht steet. (https://paperjam.lu/article/entreprise-ne-peut-pas-obliger ). Laut de Juristen, kéint Impfflicht als "violation du droit à l’intégrité physique" unzegesi ginn, a wier soumat net legal.

D'gesetzlech Lag ass also net kloer a misst nach vun de Juristen an de Ministèren a vum Staatsrot gepréift ginn.

 

Wat d'Test-Flicht ugeet, esou haten d'Haiser a Klinicke scho virum normale Verbraucher Accès zu Schnelltester, déi se an den Apdikte bestelle konnten. Mir hoffen awer, dass d'Regierung hei nach méi Tester zur Verfügung stellt, an d'Personal an den Haiser esou oft wéi néideg getest gëtt.



Mir hoffen dës Informatiounen kënnen Iech weiderhëllefen,
Mat frëndleche Gréiss,

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.