Gudde Metteg alleguer,
Ech kann mech nemmen wonneren, dass de Medie-Minister Verantwortung vun der Disponibiliteit vum Internet de private Firmen iwwerleist.
Hei dierft wuel an eischter Linn POST-INFRA gemengt sinn.
Ech därf just drun erenneren dass wann Basis-Infrastruktur, also Zougang zum Internet-Reseau net ginn ass, dass dann NET gin :
- sämtlech Payementer dei matt Kaarte gemaach ginn , souwuel an de Geschäfter wei och per Online-Shopping
- KEEN Acces zu den Gesondheetsdossiers bei den Dokteren (e-Sante)
- keng Demarchen iwwer GUICHET.LU ( ennert aanerem Prise de RDV fir Impfungen, Covid-Tester etc...)
- KEEN Tele-Travail, souwuel bei der Fonction Publique (Gemengen, Ministeren, etc..) wei bei ALL privaten Entreprisen
- vill Firme keinte hier Paie nfir hier Salarieen nett bezuelen, well Instructioune un Banken iwwer File-Transfert-Outil-en laafen.
All dei vital Firmen fir d Economie (LUXTRUST, SIXX-PAYMENT, Banken) kenne wuel eegestänneg laafen (Plans de Continuite, DRP-Plangen), mee ouni Internet-Zougang vu baussen eran bei si mecht daat net vill Senn. De Jure sinn dei Firmen och net dofir zoustänneg.
Fir den Secteur Publique geng ech dann di Fro weilte stellen : Sinn dann eis Gemengen an Ministeren do drop prepareiert, dass all Bierger/Entreprise-Demarchen och OUNI internet kenne gemaach ginn ?
Zuletzt geng ech nach drun erenneren, dass zum Beispill bei engem Stromausfall indirekt den Mobilen Internet (Reseau 4G, oder 5G falls schon do) OCH ausfällt, wann di Sendemasten keen Stroum mei hunn.
Ech stelle fest : mir hunn eng EXTREEM OOFHÄNGEGKEET vun der Disponibiliteit vum Basis-Internet.
Bescht Greiss an Merci fir den Interessi u menger Fro
Jean Louis