Et ass bekannt dass zu Lëtzebuerg eng Penurie u Wunnenge besteet an dass virun allem d’Terraine deier sinn. Dëst gëllt fir Bau- grad wéi och fir landwirtschaftlech Flächen.
Well et primordial ass dass an dësem Domaine eng gewëssen Transparenz herrscht fir dass potentiell Keefer informéiert sinn (an net sou séier op d’Ae gedréckt ginn), wier et wichteg dass d’Landpräisser vun ëffentleche Steeën vun offizieller Säit géife publizéiert ginn. Heibäi dierft natierlech keen Numm vum Keefer publizéiert gi fir net a Konflikt mam Dateschutz ze kommen.
Op villen Adjudicatiounen si Leit déi just dohinner „kucke“ gi fir genau des Präisser gewuer ze ginn. Op de soziale Medie fënnt een och verschidde privat Initiative wou sou Steeën an hir Resultater, also d‘Landpräisser publizéiert sinn. (Ennert "Steeën" fënnt een elo nach ganz rezent d’Resultat vun zwou Adjudicatiounen wou de Kierchefong Immobilië versteeë gelooss huet.)
Fréier goufen des Donnéeën vun de Notaire selwer an den üblechen Dageszeitunge verëffentlecht well dëst vu „nationalem Interessi“ war.
Kéint dës Prozedur net erëm agefouert ginn oder an digitaler Form sou dass d’Chambre des Notaires misst déi anonymiséiert Resultater vun allen ëffentleche Steeën op hirem Site publizéieren?
The image upload is currently disabled.
The image upload is currently disabled.
The image upload is currently disabled.