FRO.LU is under Development
+1 vote
42 vues

Wéivill CT Scanneren ginn et an de Spideeler zu Lëtzebuerg?


Obgelescht no Site:

Wéi ass d´Schichtunzuel(Slices) bei denen eenzelnen Geräter?

Ginn et Scanner mat KI Integratioun, wann nee ass geplangt sou Geräter unzeschafen, wa jo wéini, wann nee firwat net?

Ass et méiglech KI bei denen bestehenden Geräter nozeinstalléieren?

Ginn et Softwareléisungen déi mat de bestehenden Apparater kompatibel sinn?


Wéivill IRM Geräter ginn et an de Spideeler zu Lëtzebuerg?


Obgelëscht no Site:

Wéivill Magnetstärkt (Tesla) hunn déi eenzel Geräter?

Wéi grouss ass d´Öffnung vun denen eenzelnen Geräter?

Ginn et IRM Geräter mat KI Integratioun,wann nee ass geplangt sou Geräter unzeschafen, wa jo wéini, wann nee firwat net?  

Ginn et Softwareléisungen déi mat de bestehenden Apparater kompatibel sinn?

Ass et méiglech KI bei denen verschiddenen Geräter nozeinstalléieren?


Ass geplangt en oppenen IRM zu Lëtzebuerg unzeschafen?

Wéi vill Leit hu an denen läschte 5 Joer missen an d´Ausland goen fir en oppenen MRT ze maachen well se klaustrophobesch oder Obese sinn a net kennen an en IRM hei am Land goen?


Am RTL Journal war e Reportage iwwert en neit Medikament fir Alzheimer wat ugangs nächstem Joer sollt a Lëtzebuerg verschriwwe ka ginn.

https://www.rtl.lu/news/national/a/2259316.html?utm_source=dageszeitung&utm_medium=email&utm_campaign=dz_20241214_11


Ouni speziell IRM Geräter zur Iwwerwaachung kinnt dat neit Medikament laut dem Professer Dokter Michel Heneka, Direkter vum LCSB, dem Zenter fir System-Biomedezin vun der Uni Lëtzebuerg NET VERSCHRIWWE GINN an dem Patient SOUMADDER TROTZ NEIEM MEDIKAMENT net gehollef ka ginn.


Wéi gedenkt d´Ministesch dat ze léisen? Mussen dofir nei IRM Geräter kaft ginn, wa jo wéini, wann nee firwat net.



Merci.


par dans Santé
edité par | 42 vues

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.