Gudde Mëtteg,
ech wunne säit engem Joer a mengem néien Haus zu Osweiler.
Virun e puer Wochen ass mer bewosst ginn, dass vu Google eng gréisser Unzuel Fotoe vum Haus publizéiert goufen, ob deenen och deels mäin Auto kloer ze gesinn ass.
Ech ka mech elo ameséieren, all eenzel Foto ze mellen an ze froen, dass se gepixelt gëtt.
Do stellt sech dann awer d’Fro, firwat Google sech net muss un eis Gesetzer halen ?
Wisou dierfe si Fotoe vu privatem Besëtz posten ?
Ouni dass se virdrun en Accord vum Besëtzer hunn ?
Wat ass mat eelere Leit, déi keen Internet hunn ? Déi wëssen net emol, dass Fotoe vun hirem Haus online sinn.
Ech denken, mir sollten eis dach och net wonneren, dass ëmmer méi agebrach gëtt oder Autoe geklaut ginn… et kann ee sech jo an aller Rou online alles ukucken. Um sëlwer Tablett zervéiert also…