Moien,
Ginn et Richtlinnen wéi laang nodeems d´Resultater vun enger Blutt oder Urinanalyse, déi komplett fäerdeg ass, de Labo d´Resultater muss an den DSP vum Patient era stellen?
Bei mär war et vum 05. Februar 2024 bis den 30. März 2024. Also 2 Méint, bis meng Resultater a mengem DSP waren.
Meng Fro un d´Ministesch wier:
Vun deenen 3 groussen Laboratoiren hei am Land, Laboratoires réunis, Ketter Thill a Bionext, wat war dee längsten Delai, nodeems eng Blutt oder Urinanalys komplett fäerdeg war, bis de Labo d´Resultater an den DSP vum Patient erop gelueden huet?
Merci.
MbG