FRO.LU is under Development
+2 votes
132 vues
Bonjour,

ech kennen elo 2 Leit, déi am Schloflabo woren wéinst Apnoe.

Den 1. haat en Dokter, den am CHL sëtzt. En kruut 2 Deeg Schloflabo (1. Dag fier Analyse, 2. Dag fier en Test mam Apparat, respektiv, falls den 1. Dag keng Problemer festgestallt gin, ass et besser 2 Deeg ze kucken).

Während der 1. Nuescht, huet den Dokter schon festgestallt, dass en Apparat ubruecht ass, an en krut die 2. halschent vun der 1. Nuescht schon den Apparat an konnt en direkt mat Heem huelen.

Rechnung ass iwer Tièrs Payant gangen.

Die 2. Persoun huet en Dokter, deen um CHEM Attachéiert ass.

Sie krut och 2 Nueschten RDV zu Nidderkuer. Während der Nuescht ass keen Dokter do, deen "live" kann kucken, sou dass dëss Persoun eréischt die 2. Nuescht dun en Apparat krut fier ze Testen. Den CHEM gëtt awer keng Apparater eraus, sou dass dëss Persoun elo muss op en RDV warden bei hierem Pneumologue, deen dann een verschreiwt.

En plus kruut se eng Rechnung vun hierem Dokter (an net vum Spidol?) vun iwert 500€ fier den Schloflabo an muss déi elo firstrécken.

- Firwaat gin et esou massiv Ënnerscheeder an der Behandlung an Verrechnung vun Medezineschen Leeschtungen, je nachdem bei wéiengem Dokter oder Spidol een gangen ass?

- Ass et normal, dass een iwwer 500€ muss Iwerweisen an dann op den Remboursement warden?

- Ass et net Geld- an Zäitverschwendung, zu Nidderkuer d'Leit ëmmer 2 Deeg kommen ze loossen, obwuel et méiglech wär, wéi um Beispill vum 1. Patient am CHL gewisen, schon no 1 Nuescht mat enger Diagnose an dem Apparat eraus ze kommen?

Merci
par dans Santé | 132 vues

1 commentaire

Entschëllegt w.e.g. de Retard. Mir wäerten eis zu deem vun iech beschriwwene Problem méi genau informéieren a mellen eis dann nach eng Kéier. 


Mat beschte Gréiss

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.