FRO.LU is under Development
+1 vote
249 vues
 Creos annonceiert via hieren Chargy Reseau ob hierer Website an App eng Vitesse vun bis zu 22 kW op hieren AC Bornen fir den Auto ze lueden.

Ech hun festgestallt dass gefillt 3/4 vun den Bornen op 11 kW limiteiert sin, an wann 2 Autoen gelichzeiteg op enger Borne sin dann lued den Auto nemmen mat 5-6 kW amplaz den versprachenen 22 kW.

Ech krut dat och vun Chargy konfirmeiert dass Sie falsch Angaben machen an et net meiglech ass fir den Client ze gesin op eng Borne lo wierkleg mat 22kW lued oder 11kW an manner. Sie dierfen laut hinnen dat machen fir den fonctionement vun hierem Reseau ze garanteieren. Ech hun dat schreftlech per Mail krit.

Ech proposeieren folgend Froen:

1. Wisou mescht Chargy falsch Annoncen wat Leeschtung vun hieren Bornen betrefft?

2. Hätt Creos genug Capaciteit am Alldag fir dei versprachen Leeschtung ze brengen op hieren Bornen?

3. Wei decideiert Chargy op eng Borne gedrosselt gett?

4. Weivill zousätzlech Elektroautoen keinten an den nexten 5 Joer immatrikuleiert gin ouni dass Qualiteit vum Reseau noleist?
Cloturée
par dans Économie
Cloturée par | 249 vues

1 commentaire

Gudde Moien,

Merci fir dës Froen. Wier et méiglech dëse Bréif vun der Creos weidergeleet ze kréien? Eis Email Adress ass piraten@chd.lu .

Mir soen am virraus Merci fir déi zousäzlech Informatiounen.

MfG

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Moien,


Mir hunn är Froen un d'Regierung weider geleet, dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-versprache-leeschtung-vun-chargy-luetstatiounen/


Wéi ëmmer soe mir hei bescheed wann d'äntwert bis do ass.


Mat frëndleche Gréiss,

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.