FRO.LU is under Development
+1 vote
314 vues

Moien,

 

CNS erlaabt just 12 Konsultatiounen pro Semester (6Méint) bei engem Genralist.

 

Fir all weider Konsultatioun muss een der CNS eng  Motivatioun/Diagnose virweise können déi ee muss mat der Rechnung era ginn,  soss gett een net rembourséiert.

 

Wou bleift do de Secret médical wann all CNS Männlein/Weiblein bei déi ee jo muss perséinlech goen ( fir net 8 Wochen op seng Suen ze waarden) gesäit firwat,( vläit wéinst peinleche Saachen)   ee bei säi Dokter gaangen ass?

 

Well de Code médical geet der CNS net duer, si wëllen Alles wëssen.

 

An elo zu menger Fro:

 

Wat ass mat deene Léit déi medizinesche Cannabis verschriwwe kréien? Déi MUSSEN alleng wéinst der gieler Ordonnance schon 1x/Mount bei den Dokter an d´Konsultatioun. Dommadder sinn da jo d´office 6 Konsultatiounen pro Semester „verbraucht“ wou ee mol guer net krankheetshalber bei säi Generalist gaangen ass.

 

Klengt Rechebeispill

 

Patient muss 1/Mount bei den Dr wéinst der Cannabis Ordonnance


Patient geet krank a muss bi den Dokter, den zum Beispill eng Bluddanalys/ Echographie,  Röentgen oder en IRM verschreift.


Patient geet zéreck bei säin Dokter fir d´Resultater matgedeelt ze kréien.

 

Déi 12 Konsultatiounen beim Generalist pro Semester si ratzfatz verbraucht.

 

Misst et do net en extre Code medical ginn fir d´Verschreiwung vu Cannabis?


Gedenkt d´Ministesch dat an nächster Zukunft ze änneren?

 

Villmools Merci.

MbG

 

 

 


Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 314 vues

3 commentaires

Gudde Moien,

Merci fir är Fro. D'CNS gesäit effektiv déi Limitt vun 12 fir, gläichzäiteg soen si awer och

Ces restrictions ne s'appliquent pas aux renouvellements d'ordonnance et aux injections et pansements en série.

Dir musst den gielen Ziedel jo perséinnlech siche goen. Mee géif hei net d'Méiglechkeet bestoen, just de Renouvellement vun der Ordonnance ze froen ouni eng Consultatioun beim Dokter ze hunn all Mount?
Moien a Merci fir Är Äntwert,

Also mäin Dokter rifft mech emmer an d´Konsultatioun fir nozefroen op ech keng Problemer mam Cannabis hat, wéi ech de Cannabis verdroen, ob ech net zevill den Houscht hätt duerch inhaléiren, Peng beim Inhaléieren, Schlofschwieregkeeten etc. 

Do misst ee schonn bei der CNS nofroen op den Dokter engem einfach kann e Renouvellement vum Cannabis ausstellen ouni Konsultatioun.

Ech mengen e verantwortungsvollen Dokter mecht dat awer net oder däerf dat net well e jo eng Ordonnance fir Stupéfiants ausstellt.

Dofir hat ech d´Fro gestallt.

Merci.
Gudde Moien,

D'Fro ass gëschter beäntwert ginn an d'Äntwert ass elo och op eisem Site ze fannen https://piraten.lu/fro-lu-unzuel-u-konsultatiounen/ . Et ginn an eisen Aen vill Fäll déi un de Plafong stoussen, mir gesinn d'Justificatioun un d'CNS als vertriedbaren Zousaz wann een eben bei méi wéi 12 Consultatiounen ass. Mir verstinn d'Ministesch esou, datt hei keen säitlaange Bréif néideg ass, mee een dat ganz an 1-2 Säz resumméiere kann.

Mat frëndleche Gréiss,

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Moien,


Mir hunn är Fro e Freiden un d'Regierung weidergeleet. Dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-unzuel-u-konsultatiounen/


Mir soe wéi ëmmer bescheed wann d'Äntwert bis do ass.

MfG

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.