Schéine Gudde Mëtten,
Mir wäerten eng Fro dozou ausschaffen, op verschidden Froen kënnen mir Iech awer schonn direkt äntweren.
Den Sportminister krut den 9.02 an der Chamber vun verschidden Deputéierten Froen zu dësem Thema gestallt.
Wat ass de Gesamtmontant deen déi 60.000 Schnelltester kascht? 600.000€ + Hëllefen, falls een Veräin déi ufreet, am Moment huet dat nach keen Veräin gemaach.
Si bis elo schonn där Schnelltester an Altersheimer oder Pflegestrukturen an den Asaz komm? Wa jo, wéi vill? Wann net, firwat net? Wéi vill Schnelltester si virgesinn fir kuerzfristeg, also ënnerhalb vun der nächster Woch, an Altersheimer a Pflegstrukturen an den Asaz ze kommen? Wéi vill insgesamt an den nächste Méint?
An den Altersheimer a Pflegestrukturen gëtt op Equipe mobile a PCR Tester gesat, déi sinn méi zouverlässeg wéi d'Schnelltester
Déi Mesure vun de 60.000 Schnelltester fir Sportveräiner ass jo exklusiv fir de Sport Competitioun. Ass esou eng Mesure och fir krank oder behënnert Leit virgesinn, déi Sport als Therapie dréngend brauchen?
Dat froen mer no.
Sport ass extrem wichteg fir d’Entwécklung an der Gesondheet vun de Kanner. Wéi eng Mesuren si virgesinn, dass d’Kanner och nees hirem Sport nogoe kënnen?
Och dat froen mer no.
Sport ass generell fir d’Leit wichteg fir den Immunsystem ze stäerken. Besonnesch an dëser Kris. Wéi eng Mesuren hunn de Sportsministère an de Gesondheetsministère bis elo geholl fir deem Deel vun der Bevëlkerung den Zougang zum Sport nees ze erlaben déi hire Sport net an engem Sportveräin oder mam Objektiv Sport Competitioun maachen? Wat huet dat bis ewell kascht? Wat ass kuerzfristeg nach geplangt?
Och dat froen mer no
Ass eng änlech Mesure mat Schnelltester virgesinn fir dass den Horesca Sekteur ënner Bedingungen nees deemnächst kann opmaachen? Wa jo, wéi vill Schnelltester sinn ugeduecht fir deem Sekteur ze hëllefen? Wann nee, firwat net?
Déi Schnelltester déi Lëtzebuerg kaaft huet an déi am Moment um Marché sinn, mussen vun Santés Personal gemaach ginn. D'Leit kënnen se net un sech selwer maachen. Méi dozou fannt der bei enger anerer fro op fro.lu :
https://www.fro.lu/525/test-pcr-pour-le-grand-public
Wann den Staat esou Tester bis huet, kënnen dës an alle Beräicher vum Liewen benotzt ginn.
Wéi sënnvoll sinn déi Schnelltester am Sport wa se net verflichtend sinn a wann d’Sportler sech dono fräi vermësche kënnen an net an enger Bull bleiwen wéi bei vergläichbaren Tester am Profisport am Ausland?
D'Schnelltester sollen mam néien Covid Gesetz den 21.02 verflichtend ginn, all d'Sportfederatiounen hunn awer haut schonn den Test fir hier Veräiner obligatoresch gemaach.
Op wéi eng wëssenschaftlech Erkenntnisser berout dës Teststrategie mat de Schnelltester fir Sportveräiner?
D'ass een Pilot- (also Test-)Projet.