FRO.LU is under Development
+1 vote
724 vues

Moien,


Ech wëss net ob een dest Fro dem Ministère de la Protection des consommateurs oder Minstère de l'Economie froen kann (oder eventuel bei der STATEC).


Et wier mol intréssant ze forschen: wéiviel privat Léit (Propriétaires/Coopriétaires) hei am Land viru Gericht geint Promoteurs/Constructeurs & Associations Momentanées gewannen. Et heiert een emmer erem dass et keen Wert huet géint dei ze goen, kaascht Zeit an Suen (3 bis 5 Joer wann et nach gudd get, wann net viel mei).


Malfaçons, Abechten net ferdeg gemeet sin Monnaie Courante hei zu Lëtzebuerg. Den Bau-secteur misst genau esou kontrolleiert gin wei den Financen-secteur, ech mengen am Intérêt vum Consommateur, fir den besser ze schützen. Et huet een wierkléch den Androck, dass d'Promoteurs hei am Land "intouchables" sin op allem Niveau. D'Gemengen kënnen och net viel maachen oder wëllen sech och net viel dran mëschen. D'Union des Consommateurs (fir d'Parties privatives) & Union des propriétaires (fir d'Parties Communes) sin och schon domater iwwerlaascht.


Et gin kloer emmer mei Abus vun den Promoteurs seit Covid-Crise & Ukraine Kriich, mechtens kann den Client naischt oder net viel maachen (retards, malfaçons, manque total de communication de la part du promoteur, ignorance des réclamations des clients).

Esoubaal die lëscht Tranche bezuehlt gin ass, distanceiren sech Promoteur, Architekt & Maître d'ouvrage. Mechtens, muss een och nach d'Garantie d'Achèvement bancaire offgin soss kritt een keen Schlëssel vum Haus oder Appartement. Dat selwecht mat der lëscht Tranche, wann net bezuehlt, kriit och een keen Schlëssel opwuehl nach viel ferdeg ze maachen bleift.

Waat kéint een maachen fir dezen Problem ze verbesseren an aner Consommateurs an der Zukunft ze schützen? Merci.

Mat béschte Gréiss,
M.M.
Cloturée
par dans Protection des consommateurs
Cloturée par | 724 vues

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP

Gudde Moien,


merci fir är Fro.

Mir un är Fro un d'Regierung weidergeleet an dir kënnt se hei noliesen: https://piraten.lu/fro-lu-baubranche-clienten-zeie-geint-promoteure-viru-gericht/


Mir soen wéi ëmmer bescheed, wann d'Äntwert do ass.


Mat frëndleche Gréiss,

par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.