Virum Hannergrond vun de villen Diskussiounen em de Mangel vu Fräiwellegen am Déngscht vum CGDIS, folgend Froen un d'Mme Minister:
- Wévill nei Fräiwëlleger goufe säit der Grënnung vum CGDIS rekrutéiert?
- Wéivill Leit hu säit der Grënnung vum CGDIS als fräiwelleg Secouristen a Pompjeen opgehalen?
- Wéivill Fräiwëlleger si säit der Grënnung vum CGDIS beim Medico duerchgefall?
- Wouvir gëtt keen Ennerscheed tëscht Fräiwëllegen a Professionnelle am Beräich vum Medico gemaach?
- Gin et punktuell oder generell personell Engpäss duerch de Mangel u Fräiwellegen?