FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
0 votes
95 vues

CHL IRM.pdf (0,5 MB) 4 nei IRM a nach ëmmer 3 Méint Waardezäit fir e RDV ze kréien.

Méi ass dozou net ze soen, an da wonnert de CMSS sech wann d´Leit masseg S2 Schäiner era schecken fir sech am Ausland behandelen ze loossen.

An der QP ° 4032  huet den CHL dem Gesondheetsministär nach matgedeelt dass:

"Au CHL, l'évolution des délais moyens de rendez-vous pour une IRM tout type d'IRM confondu a évolué de 80,08 jours en janvier 2019 vers 43,07 jours en janvier 2021."

Da wieren da 6 Wochen a keng 3 Méint wéi et Haut de Fall ass.

-Wéi ass et méiglech dass et awer ganzer 3 Méint dauert fir e RDV ze kréien wann e Spidol 3 IRM´en huet?

-Wéi eng Kritären ginn do ugewand fir ze decidéieren wéi séier e Patient e rdv am CHL kritt?

-Gëtt et esou eppes wéi eng "Echelle canadienne" wéi an den Urgence wou Leit prioritär behandelt ginn?

-Wen décidéiert  an denen 4 Spideeler wéini e Patient säi RDV kritt, de Radiologue oder d´Sekretariat?

MbG

Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 95 vues

1 commentaire

Leider konnt ech de RDV net annexéiren, ech schecken Iech en awer gären per Email falls néideg.

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Mëtten, är Fro ass gestallt an dir kënnt se wei ëmmer hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-waardezait-irm/

Den Delai ass wéi ëmmer 1 Mount.

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.