FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
0 votes
123 vues

Gudde Mëtteg,


Déi bestallte Quantitéit u Cannabis Bléien déi no enger méintelaanger Pénurie endlech Enn September geliwwert gi sinn, ass just duergaangen fir 1 Mount. 


Haut, den  21.10.2021 ass  erëm kee Gramm Cannabis méi do, all 2 Zorten sinn an all Apdikten schonn erëm en rupture.


An der QP 4556 huet nach geheescht:

"D'Besoin'en waerten réischt kënnen integral ofgedeckt ginn wann, viraussiichtlech Ënn September, déi nachst Liwwerungen ukommen waerten".


D´Patienten konnten also grad virun 1 Mount hir Therapie erëm ufänken fir se no engem Mount (Haut)  erëm mussen ofzebriechen.


Alt erëm gëtt de Spunnes mat kranke Leit gemaach.

Dat ass dach e Skandal sonnergläichen, wéi gëtt do am Gesondheetsministär geschafft? 

Wann déi héich beezuelten Beamten géingen hir Aarbecht anstänneg maachen missen se jo awer d´Unzuel vu Cannabis Patienten kennen a misste genau  wëssen dass déi bestallten Quantitéiten u Cannabis (30kg)mol net fir e Mount duerginn.


D´Piraten wossten dat allerdings schonn den 31.08.2021 an hunn an engem Communiqué d´Gesondheetsministesch gefrot:


"D'Pirate fuerderen, dass de Ministère direkt weider Planzen an Ueleg nobestellt, esou dass all Patient

ka sécher sinn, dass e säin Traitement ouni weider Ënnerbriechung ka fortféieren. Mir dierfen net an

eng Situatioun vun engem Rush op d'Apdikte kommen, bei deem déi geréng Quantitéiten, déi nach do

sinn, dann nom Prinzip first come first serve verdeelt ginn."

 

Geschitt ass guer näischt, méi bestallt ginn ass och net an elo hu mer no 1 Mount alt déi erëm déi nächst Rupture!


-Firwat huet d´Madamm Lenert net op de Piraten hire Communiqué vun 31.08.2021 reagéiert?


Och ass grossmundeg am JUNI 2021 verprach ginn an der QP ° 4556 dass och Cannabis Ueleg bestallt gi soll.


"Schlussendlech kann een nach erwanen datt mat dësem neien Marché deen elo attribuéiert gouf, et och fir déi éischt Kéier méiglech waert sinn konformen Cannabis Ueleg ze sécheren. Dësen Ueleg stëllt virun allem eng Plus value duer wëll dësen méi einfach an der Therapie agesat kann ginn an dofir och vill méi einfach ze handhaben ass."


Bis haut ass nach keng Drëps Cannabis Ueleg hei am Land ukomm, alt erëm huet Madamm Lenert Saache versprach déi se NET konnt anhalen, wéi sou oft schonn.



-Wéi laang dauert déi Rupture wuel dann dëss Kéier? Wochen? Méint? bis 2022?


-Firwat ass den am Juni versprachenen Ueleg ni ukomm?


-Wéini kennt den am Juni versprachenen Ueleg?




Merci.

MbG

Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 123 vues

1 commentaire

Gudde Moien,

D'Äntwert vun der Fro ass elo accessibel. D'Reigerung schéngt weiderhin net gewëllt, fir nach no weideren Fournisseuren ze sichen, fir esou Liwwerproblemer ze verhënneren. Mir Piraten wëssen net, firwat dass dës einfach Konsequenz aus all deenen Problemer an deenen leschten 12 Méint net am Ministère unzekomme schéngt.

Mir bleiwen weiderhin disponsibel, schréift eis wann erëm Problemer optrieden.

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Schéine gudde Mëtten,

Et wier definitif enttäuschent, wann elo schonn erëm alles opgebraucht ass. Mir hunn dofir eng Fro un d'Ministesch gestallt. Dir kënnt se hei noliesen:

https://piraten.lu/fro-lu-weider-penurie-beim-medezinesche-cannabis/

Den Delai fir eng Äntwert ass wéi ëmmer 1 Mount.

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.