FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+6 votes
541 vues

Alt erëm gett et eng Penurie hei am Land vun ALL Zorten medizinesche Cannabis.


De "Blue" de "Yellow" an de "RED" si säit iwwert 1 Mount en rupture de stock.


Den Apdikter aus de Spideeler no dauert et op mannst nach e Mount bis eventuell eng nächst Liwwerung kennt.


Wat ass de Sënn an Zweck vun enger Therapie mat Cannabis wann een se all puer Méint MUSS ofbriechen an erëm op staark Barbituraten a Psychopharmaka forcéiert gëtt emzesteigen well d´Medikament Cannabis net verfügbar ass?


Den effet bénéficiaire vum Cannabis dauert Méint bis en seng voll Wierkung entfalt, permanent rupture de stock féieren dozou dass all Patient seng Therapie quasi erëm vu vir ufänken muss all Kéier nodeems se ënnerbrach gouf.


Ass de Ministère de la santé sech bewosst dass all Ennerbriechung vum Traitement gesondheetlech Rëckschléi mat sech brengt?


Firwat ass et zou der momentaner Rupture de stock komm?


Wéi laang genau besteet déi Rupture de stock schonn fir déi eenzel Zorten?


Firwat ass et net méiglech méi e grousse Stock vu Cannabis unzeleéën fir dass et net méi zu enger Pénurie kennt?


Wéivill Pénurien sinn et säit Ufank vum medizinesche Cannabis scho ginn a wéi laang hunn se gedauert?


Wéini kennt déi nächst Liwwerung?


Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 541 vues

3 commentaires

Wou bleiwt dann d´Antwert op dëss QP???

Den Délai ass säit Deeg eriwwer a et kennt keng Äntwert.
Dat ging mech och mol interesséieren.

Säit 4 Deeg ass d´Antwert vum Gesondheetsministär iwwerfälleg.

Firwat froen Piraten net no firwat se nach keng Äntwert kritt hunn?
Gudde Mëtten, entschëllegt déi verspéit Äntwert. 

Leider ass d'Iwwerschreide vun den Delaie wat parlamentaresch Froen gang und gebe. Dat betrëfft all d'Froe vun all de Parteien an all d'Ministeren. Reklamatioune wieren an deem Fall zäitopwänneg a géifen och näischt änneren. 

D'Fro ass haut endlech beäntwert ginn. Dir kënnt se wéi gewinnt ënnert 

https://piraten.lu/fro-lu-penurie-vu-medezineschem-cannabis/

noliesen.

D'Situatioun wäert sech laut dëser Äntwert leider och esou schnell net verbesseren. Wéini dës Penurie op en Enn geet hänkt elo alleng dovun of, wéi séier d'Beamten am Santésministère schaffen.

Mir hoffen dass iech d'Fro trotzdem weider hëlleft an zeckt net iech ze mellen, sollt et an Zukunft zu weideren Ruptures de stock kommen.

Mat frëndleche Gréiss,

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Moien,

Mir hunn är Froen an enger QP deposéiert déi dir héi kënnt nokuken:

https://piraten.lu/fro-lu-penurie-vu-medezineschem-cannabis/

Wei ëmmer soen mir bescheed soubaal d'Äntwert do ass. Falls dir soss nach Froen hudd, zéckt net ze eis ze stellen.

Mat frëndleche Gréiss,
par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.