FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+2 votes
266 vues


Gudde Mëtteg,


Bal 30.000 Leit kruten schon hier 2 Corona Impfungen.

Dëst si gréisstendeels déi vulnerabelst an eeler Matmenschen.


Vill Leit, zemools eeler Leit hunn e schwaacht Immunsystem a maachen keng Reaktiounen op d´Impfungen.


Den Onkolog vum CHEM bei dem ech geimpft si ginn huet gesot dass Leit déi keng Niewewierkung vun den Impfungen kritt hunn sech 1 Mount no der 2. Impfung sollen teste loossen ob genuch Antikierper am Blutt sinn.


De Seuil vu genuch Antikierper ging bei 250 (irgendeppes) leien.


Den Onkolog sot dass, sollt dee Seuil vun 250 net erreecht ginn, misst onbedingt gekuckt ginn fir sech vläit eng 3. Kéier impfen ze loossen,  AN ZWAR mat engem aneren Impstoff wéi déi 2 éischte Kéieren.


Ass dat dem Ministär bekannt?


Wat seet de Ministär vun der Santé zu denen Aussoen?


Ass dëss Eventualitéit fir eng 3.Impfung schonn bannert der Santé diskutéiert ginn?


Leit déi net genuch Antikierper gebild hunn si weiderhinn gefährdet bei enger Corona Infektioun awer e schlemmen (Intensivstatioun) Verlaf ze kréien.



Wat ënnerhellt d´Santé wa Leit 1 Mount no hierer 2 Impfung de Beweis ( ee leider aus eegener Täsch bezuelten Antikierper-Test) erbrengen dass se net genuch Antikierper gebild hunn fir ausräichend geschützt ze sinn?



Merci villmools.

MbG


par dans Santé | 266 vues

2 commentaires

Gudde Moien,

 

Am Moment ass gëtt et zu kengem vun de Vaccinë Studien zu enger 3ter Dosis, op elo mat dem selwechten oder engem anere Vaccin. Et ass am Moment just vu Pfizer bekannt, dass si d'Auswierkunge vun enger eventueller 3ter Dosis Pfizer ënnersichen. Sou laang wei d'Hiersteller oder Fuercher also nach net gepréift hunn, wat fir Auswierkungen eng 3t Dosis kéint hunn, wäert de Santésministère sech net dozou positionéieren. 

 

Fir ze evitéieren dass dir als Äntwert vun der Ministesch just gesot kritt: "De Santésministère beobacht opmierksam d'Studien a lauschtert op d'EMA", denke mir, dass et besser wier dës Fro léicht zu engem spéideren Zäitpunkt ze stellen.

Mir wäerten d'Aussoe vun den Hiersteller am Ae behalen, a falls néi Informatiounen dozou kommen, wäerte mir d'Fro un d'Ministesch stellen.


Hei nach e puer Informatiounen zum Opbau vun Antikierper déi Iech villäicht intresséieren:


https://www.ndr.de/ratgeber/gesundheit/Corona-Immunitaet-Wie-lange-schuetzen-Infektion-und-Impfung,corona7436.html


https://www.pfizer.com/news/press-release/press-release-detail/pfizer-and-biontech-initiate-study-part-broad-development


https://www.bbc.com/news/health-56744317



Mir hoffen op äert Versteesdemech,

Mat beschte Gréiss,

Gudde Moien,

d'Fro no enger eventueller 3ter Impfung gouf gëschter an enger Froestonn an der Chamber gestallt. D'Gesonheetsministesch huet erkläert, dass nach net genuch wëssenschaftlech Erkenntniser virléien, fir zu dësem Thema eng Entscheedung ze treffen.

Hei kënnt dir d'Fro an d'Äntwert lauschteren:

https://www.chd.lu/ArchivePlayer/embed/3268/sequence/176622.html

Mat frëndleche Gréiss,

Se connecter ou s'inscrire pour réagir à cette question.

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.