FRO.LU is under Developement - Expect bugs.
+2 votes
459 vues
Bonjour,

D´Phase 1 an 2 vun der aktueller Impstrategie ass elo bal duerch.
Déi vulnerabelst Leit(ganz al Leit a Leit mat schlëmmste Gesondheetsproblemer) kruten dann elo wann se dat wollten all schonn hier 2. Impfung.

Ass d´Regierung net der Meenung dass déi genannte Leit, déi souwisou regelmässeg eng Bluddanalyse musse machen, net och sollen op Covid Antikierper getest ginn?

Dommadder kinnt een eraus fannen op genuch Antikierper bebild si ginn fir secher ze goen dass déi vulnérabel Leit och genuch geschützt sinn?

En Covid Antikierper Test kascht an de Labo´en 25€, an et wier vläit och net schlecht fir d´Santé mol ze wëssen op déi néideg Zuel vun Antikierper mam gespritzenen Impstoff gebild si ginn?

Am anere Fall missten déi Leit déi net genuch Antikierper gebild hunn net vläit nogeimpft ginn?

Ass et der Regierung net wichteg ze wëssen op hier "Vaccin´en" och de gewënschten Erfolleg brengen? Mär schwätzen hei ëmmerhin em extremst vulnerabel Leit.



Merci.
MbG

Cloturée
par dans Santé
Cloturée par | 459 vues

2 commentaires

Wou fennt een déi QP dann?

Merci.
Gudde Mëtten,

Et handelt sech net ëm eng QP mee ëmt een Gesetzestext deen an der Chamber gestëmmt gouf.

Hei kënnt der den Detail vum Gesetzestext noliesen:

https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doDocpaDetails&id=7757&backto=p0/IZ7_KHCC1240N8KQ10AN3G1BK33084=CZ6_D2DVRI420G7Q402JEJ7USN3847=M/#Z7_KHCC1240N8KQ10AN3G1BK33084

1 Réaction du Député : Question Parlementaire accepté

J'ai accepté et je vais déposer une QP
Gudde Mëtteg Här Thomas,

Wéi Dir richteg soot, wär et wichteg ze wëssen, wéi d'Impfstoffer wierken, an dofir missten och Persounen, déi schonns geimpft goufen, un den tests sérologiques kënnen deelhuelen. 

Tatsächlech ass et esou, dass de Projet fir déi 3. Phase vum Large Scale Testing d'läscht Woch vun der Chamber ugeholl ginn ass, a virgesäit, och Persounen, déi scho geimpft goufen, op Antikierper ze testen.

An dëser Presentatioun fannt Dir Informatiounen iwwert déi 3. Phas:


De Sujet vun den tests sérologiques gëtt op der Säit 9 ugeschwat.

Mat frëndleche Gréiss,
par
sélectionné par
Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT et Marc GOERGEN, peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.