FRO.LU is under Development
+1 vote
1.4k vues
Am Kader vun der Corona-Krise sinn d'Bierger allgemeng schlecht informéiert bzgl. Corona-Zuelen.

Et gëtt tatsächlech all Dag ganz präzis Zuelen an der Press kommunizéiert, mee di sinn meeschtens komplett ouni Kontext do dargestellt. Fir de Birger e besseren Iwwerbléck vun der Situation ze ginn, wier et wënschenswert, datt Corona-Zuelen och kontextualiséiert ginn, wenn si verëffentlecht sinn.

D'Fro um Gouvernement wier also folgende:

Kéint de Gouvernement, wenn Corona-Zuelen kommunizéiert ginn, folgend Informatiounen matdeelen (een Deel dovunner gi schon matgedeelt, anneren net):

- Wéi vill Corona-Doudeger an enger X-Woch?

- Wéi vill dovunner si VUM Corona gestuerwen?

- Wéi vill dovunner si MAM Corona gestuerwen?

- Wéi vill Doudeger allgemeng an der selwechten Woch?

- Vu wat sinn déi anneren Doudeger gestuerwen (annere Krankheeten, Herzinfarkt, etc.)?

- Wéi vill Léit sinn an den Intensivstatiounen ugehol ginn?

- Wéi vill Léit insgesamt läien an den Intensivstatiounen?

- Wéi vill Better gëtt et insgesamt an den Intensivstatiounen?

- Wéi vill dovunner sinn also nach fräi?

Wenn déi zousätzlech Informatiounen net kënne matgedeelt ginn, firwat net?
fermée avec la mention Froen hoffentlech all beäntwert
par dans Santé
Cloturée par | 1.4k vues

1 commentaire

Gudde Moien,

 

Zu villen vun ären Froen kann ech Iech eng Äntwert ginn bzw ass scho eng QP gestallt ginn.

 

1. Wéi vill Corona Doudeg et all Woch ginn, gëtt all Woch Mëttwochs um Site vun der Santé publizéiert.

Dir fannt Zuelen hei: https://gouvernement.lu/dam-assets/documents/actualites/2020/12-decembre/02-covid19-retrospective/coronavirus-rapport-hebdo-02122020.pdf

 

2&3&5: Wei aus der Fro 3104 geet ervir, dass all Doudegen bei deem eng Infektioun nogewisen gouf, als Corona Doudegen zielt. Wëll net bei all Doudegem, eng Autopsie gemaach gëtt, an well den Virus net nëmmen d'Longen mee och aner Organer ugräift, kann net gesot ginn, op den Virus resp. seng Wierkung Schold um Doud vun der Persoun war oder net.

https://chd.lu/wps/portal/public/Accueil/TravailALaChambre/Recherche/RoleDesAffaires?action=doQuestpaDetails&id=20099

 

4: Wat d'Doudeszuelen am Generellen ugeet, esou gëtt den Statec do d'Zuelen eraus. Dëst menges Wëssens no awer net all Woch.

 

Intensivbetter:

Laut Santésrapport waren an der virleschter Woch 47,8% vun den Intensivbetter mat Covid Patienten beluecht. Dat waren 43 Leit. Wann een dat ëmrechent, sinn 100% vun den Better also 90 Better. D'Ministeren hunn betount, dass dës Zuel och nach kéint erop gesat ginn, falls néideg. Dass awer gewosst, dass virun allem d'Personal muss do sinn, well d'Better eleng net hëllefen.



Ech hoffen dass meng Erklärungen dat ganzt e bëssen mei kloer.


Mat frëndleche Gréiss,

Bonjour sur FRO.LU où vous pouvez proposer des Questions Parlementaires. Les Députés Sven CLEMENT, Marc GOERGEN et Ben POLIDORI peuvent les déposer officiellement pour vous à la Chambre des Députés. Le Gouvernement doit alors répondre et la réponse sera publié ici.