Majo zum Beispill beim Test Bréif 3 Blat (all eenzelt Blat ass anescht mee sequenziell codéiert) a 4 Sproochen, do ass 4 mol een Zougangscode drop.
Wann een z.B. de Bréif vum Partner hellt, den zur gläicher Zäit era geflattert ass, a seng Matricule agëtt mat dem sengem Zougangscode geet et net (gouf mir vun engem Expert verséchert). Et schéngt also dat wann dir Iech teste gelooss hutt oder net dat iergend wou ugehakt kéint ginn e Suivi gemaach kéint ginn vun all Bréif.
https://justpaste.it/Data_Matrix_Lux
Bei de Steieren ass carrement d'Firmematricule oder d'Steiernunmmer (privat Persounen) an der Data Matrix Bulletin an Decompte, mee do wier et och logesch well déi jo souwisou déi Infoe lisibel erhalen.
Bei de 50 € Bonge schéngt et ee QR code ze sinn mat enger Checksomme vun der Persoun. Hei gi 730000 Adressen vu Liewegen > 16Joer mat Gebuertsdatumen weider gereecht u Gemenge Päpp an d'CLC & Co. Ee Marketingstrateg géif vun esou enger Mailinglëscht dreemen
Mee et wier interessant ze wëssen wéi am all gemengen dee Marquage geréiert gëtt a vu wiem? Wat ass déi legal Basis?
Well net an Zukunft all Woch e Bréif vum Gouvernement kréien dee kuckt op ech dëst oder dat gemaach hunn.
"Oh e wor seng Masken net sichen, scheck em emol en Testbréif !"