eng Rei vun äre Froe sinn sécherlech relevant. Zu e puer Stéck hu mir awer e puer Umierkungen:
1 Wéi gedenkt d'Regierung eng massiv Faillitewell vu jonken Entreprisen ze évitéiren? ok
2 Wir ët nët sënnvoll iwer gemeinsam Mesuren, z.B., d'Créatioun vun dédiéierten Internetplattformen, wou Entreprisen sech an hier Produiten virstelle kënten, ze förderen?
–D'Plattform Letzshop gouf agefouert an d'Regierung huet de Membersbäitrag vu 500€ pauséiert.
3 Wier ët nët sënnvoll, iwwer öffentlech Ausschreiwungen a verschidde Beraicher nozedenken, déi sech gezielt u kleng Entreprisen riichten, oder op manst derfir ze suergen, dat kleng Entreprisen nët duerch verschidde Kritèren wéi CA an Equipement ausgeschloss gin? - déi kënne mer ënner e bësse méi genereller Form stellen.
4 Wier ët nët un der Zait fir och informell Regroupementer oder Réseauen vun Entreprisen ze förderen? Et gët z.B. en Holz cluster. Wier daat nët eng Initiative, déi op aaner Beraicher ausgedehnt kéint ginn?
– Op Luxinnovation.lu, fannt dir nieft dem Wood CLuster nach weider Clusteren, déi opgestallt goufen: https://www.luxinnovation.lu/fr/cluster/luxembourg-wood-cluster-2/
5 Wier ët nët sënnvoll, eng Berodung anzeriichten, wou Entreprisen, déi op Grond vun der aktueller Situatioun nët méi weiderschaffe kënen, kompetent berode këne gin, fir hier Aktivitéit ze réorientéiren?
– D'Chambre des métiers, d'Chambre de commerce, d'Fédération des artisans oder d'House of Entrepreneurship bidden Independanten eng Villzuehl u Servicer un.
6 Wier ët nët sënnvoll, eng staatlech Förderung virzegesin, mat där Entreprisen d'Käschten vun engem Réajustement, z.B. och duerch aaner Formen vu Publicitéit, ofdecke kënten?