Eng Persoun,déi schafft, kann Dépensen fir Spécialisatiounen an hierem Domaine steierlech ofsetzen.
https://www.lifelong-learning.lu/Detail/Article/Aides/deductibilite-fiscale/fr
Daat trëfft awer nët bei Chômeuren zou, déi Formatiounen maachen, fir hier Chancen op eng nei Aarbescht ze verbesseren. D'ADEM iwerhëllt am Beschte Fall en Deel vun de Frais d'Inscription, bis zu engem Montant vun 75 Prozent vum onqualifizéierten Mindestloun, waat a kengem Verhältnis zu de réellen Frais de Formation steht.
Fro un den Aarbeschts- an un de Finanzminister:
1. Misst nët derfir gesuergt gin, dat och Chômeuren, déi beruflech Weiderbildungen maachen oder suguer eng professionell Reconversioun, d'Méiglechkeet hun, di Dépensen, déi si dofir engagéiren, steierlech geltend ze maachen?
2. Misst nët de Montant vun der Ennerstëtzung, di d'ADEM iwerhëllt, an d'Luut geschrauwt gin, an ggfs. och zousätzlech Käschten, wéi Déplacementer an Séjour (bei Formatiounen am Ausland) iwerholl gin?
3. Wier ët nët sënnvoll, dat Leit, déi iwert eng gewëssen Zait am Chômage sen, automatesch Formatiounen ugebueden gin, fir de Wärt vun hierer Aarbeschtskraaft ze erhaalen oder suguer ze verbesseren a missten Chômeuren nët bei hierer Sich no geegente Formatioun ënnerstëtzt gin?
4. Wéivill Leit, di bei der ADEM ageschriw sen, maachen aktuell Formatiounen, wou (Letzebuerg, Ausland, ...), a waat fir enge Beraicher? Waat ass de Budget vun der ADEM fir sou Formatiounen a wéivill huet d'ADEM an de leschten fënnef Joer fir sou Formatiounen ausgin? Besteht en Iwerblëck iwert de Retour op den Aarbeschtsmaart vu Leit, déi z.B. iwert e Contrat de réinsertion eng beruflech Aus oder Weiderbildung konnte maachen?